News

Offall – Resultater vun der Analyse iwwer d’Reschtoffäll goufe verëffentlecht

D’Emweltverwaltung huet viru kuerzem d’Resultater vun hierer Reschtoffallanalyse 2013/2014 verëffentlecht. Dës Analyse soll op der enger Säit d’Fortschrëtter an der Offallwirtschaft ënnersichen an op der anerer Säit d’Knaschtvermeidungspotential an d’Knaschtrecyclingpotential opweisen, dat nach emmer besteet. Interessant ass d’Tatsaach, dass emmer nach ronn een Drëttel vum Reschtoffall aus Biooffäll besteet. Och d’Fraktioune Pabeier/Karton (19%) a Konschtstoff (18%) maache nach emmer e groußen Deel vum gesammelte Reschtoffall aus. Do ass deemno nach Potential zur Verbesserung. D’Analyse weist awer och, dass virun allem d’Biofraktioun par rapport zur leschter Analyse (2010) däitlech oofgeholl huet (30% manner). Bei deenen anere Fraktiounen gouf et mol eng Hausse, mol eng Baisse. Di komplett Analyse, souwéi eng Power-Point-Präsentatioun matt engem Résumé vun de Resultater fannt Dir op der Säit vum Emweltministère enner folgendem Link.