Projetskoordinator gesicht – D’EBL stellt an!
Employé(e) gesicht
CDD vum 01. Abrëll 2019 bis den 31. Mäerz 2020
20 bis 30 Stonnen d’Woch
Bei der Emweltberodung Lëtzebuerg asbl
Beschreiwung vun der Plaz:
Fir ee Congé de Maternité & Parental ze ersetzen, siche mir eng motivéiert Persoun, déi eis Equipe bei der Koordinatioun vu Projeten an dem alldeeglechen Aarbechtsoflaf ënnerstëtzt. D’Aarbechtszäite kënne je no Profil a Besoin am Virfeld mam Kandidat festgeluegt ginn. Eng Verlängerung vum Kontrakt no engem Joer gëllt als Optioun.
Är Missioun:
- Erstelle vun eiser Newsletter & Update vun eiser Internetsäit
- Ausschaffen an Erstelle vun den Infographiken am Kader vun eisem Projet “Energie- an Ëmwelttheme fir Bierger”
- Sammlung an Ausschaffe vu “Good-Practice-Beispiller” am Kader vum Klimapakt
- Ennerstëtzung vun der Equipe bei lafenden an neie Projeten an den Themeberäicher: Energiemanagement, Offallwirtschaft, Verfleegung, Mobilitéit, Akafspolitik, Urbanismus, Nohaltegkeet a Kommunikatioun
- Ënnerstëtzung vun der Equipe bei der Organisatioun vu Seminairen a Workshope fir eis Memberen
Äre Profil:
- Minimum Bac +3 am Beräich Ëmweltwëssenschaften oder verwandte Beräicher, Management oder Kommunikatioun
- Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch – aner Sprooche sinn e Plus
- Informatik: MS Office, aner Programmer sinn e Plus
- Kenntnisser am Layout a Grafik-Gestaltung sinn e Plus
- Dir sidd dynamesch a kreativ, teamfäeg an hëllefsbereet an hutt och Eegeninitiativ a kënnt onofhängeg schaffen, sidd verantwortungsbewosst an kënnt Iech gutt organiséieren
- Liichtegkeet am schrëftlechen a mëndlechen Ëmgang mat Leit
- Beruffserfarung am Beräich Ëmwelt/Kommunikatioun/Sensibiliséierung ass e Plus
Mir bidden:
- Eng ofwiesslungsräich Aarbecht mat villen interessanten Themeberäicher
- Matgestaltung a Weiderentwécklung vum Aarbechtsberäich
- Kontakt an Austausch mat Organisatiounen, Ministèren, Gemengen an aneren Ëmweltakteuren
- E flotte Mix aus kollegialem Schaffen am Team an eegestänneger Projetsleedung
- Flexibel Aarbechtszäiten an engem jonken an dynamesche Kader, zentral geleeën an der Stad Lëtzebuerg
Schéckt Är Kandidatur mat Ärem CV w.e.g. bis de 14. Januar 2019 u folgend E-Mail Adress: info@ebl.lu