News

TOP-Thema “Neit Offallgesetz”

Di national Offallpolitik ass 2012 duerch d’Akraafttriede vum neien Offallgesetz erëm verstäerkt an de Mëttelpunkt vum Interessi geréckelt. D’Problematik ronderëm de Knascht ass net nei, gëtt awer ëmmer méi akut. Nierwt dem Schutz vun de natierleche Ressourcen hunn och Ëmweltschutzaspekter an den Energiebilan bei der Produktioun an/oder der energetescher Verwäertung vun Offäll eng wesentlech Roll bei der Modifikatioun vum Gesetz gespillt.

D’EU schreift doriwwer eraus an Zukunft eng méi gerecht Taxe-Politik fir, déi dem Prinzip vum pollueur-payeur Rechnung dréit. E groußen Deel vun der Responsabilitéit läit dobäi bei de Gemengen am Land, déi bis Mäerz 2014 hir kommunal Offallréglementer upasse musse, fir d’Virgaben aus dem Gesetz an d’Praxis ëmzesetzen. Wa néideg muss dës Upassung nach mam Ausschaffe vun engem kompletten Offallkonzept fir d’Gemeng ergänzt ginn. Mee wéieng Pflichten hunn di eenzel Akteuren dobäi?

Alles wat een iwwer dat neit Offallgesetz wësse muss fënnt een an eiser Januar-Ausgab vum TOP-Thema (inkl. Download als pdf) ënner folgendem Link: TOP-Thema