News

KB-Technikerforum “Smart Grids zu Lëtzebuerg”

SMART GRIDS zu Lëtzebuerg – Wat ass geplangt, wat bedeit et fir d’Gemengen?

Op den Technikerforum vum Klima-Bündnis Lëtzebuerg
Am Oekozenter Pafendall
Den 16.ten Oktober um 14.00 Auer

Virtrag vum Här Robert GRAGLIA, Head of Smart Grids bei der CREOS & Diskussioun

KBLVill gouf a gëtt iwwert déi sougenannten Smart Grids – clever Stroum- a Gasnetzer – geschwat. Mat hinnen soll an Zukunft den Energiebedarf besser gesteiert, sollen Erneierbar Energien méi liicht gespäichert kenne ginn. An Zukunft kinnt aus all Energiekonsument dank dëse neie Netzer och en Energieproduzent ginn. Wéiwäit ginn dës Iwwerleeungen zu Lëtzebuerg, wat sinn déi geplangten Etappen aus der Sicht vum Netzbedreiwer Creos? A wat bedeit dëst fir d ‘Gemengen, z.B. fir d’Regelungstechnik vun de Gebaier oder och fir lokal Nahwärmenetzer? Eng Veranstaltung vum Klimabündnis, de Link zur Invitatioun fannt Dir hei.