News

Seminar “Energiespueren am Alldag vun ëffentleche Verwaltungen”

Ëffentleche Verwaltunge verfügen iwwer eng ganz Rei vu Méiglechkeeten, de Verbrauch vu Stroum a Wäermt an hire Gebaier ze beaflossen a sou d’Energieressource méiglechst rationell anzesetzen. D’Zesummespill tëscht Technik a Mënsch spillt heibäi eng entscheedent Roll. Energieeffizient Geräter féiere schonn zu enger staarker Energie- a Käschtereduzéierung, mee e net ze ënnerschätzende Faktor beim Energieverbrauch ass nach ëmmer net vollstänneg duerch Technik steierbar: De Faktor Mensch an deem säin Ëmgang matt Energie.

Erfahrungen aus Pilotprojet’e weisen, dass alleng duerch eng Verhalensännerung 5 bis 10 %, an Eenzelfäll esouguer bis zu 15 % Energie agespuert ka ginn. E geziilte, computergestëtzte Monitoring kann dëst Zesummespill tëscht Mënsch an Technik nach optiméieren. Als gréisste Patron am Land sinn ëffentlech Verwaltungen net nëmmen vun immenser Bedeitung a Saachen Energiespueren, mee si kennen duerch hir Virbildfonktioun och ganz vill zur Sensibiliséierung vun der ganzer Bevëlkerung bäidroen an esou e wäertvolle Multiplikatoreffekt erziilen.

De Cours “Energiespueren am Alldag vun ëffentleche Verwaltungen” fënnt de 26. Februar 2014 in den Raimlechkeete vum INAP statt. Di Ganzdagsveranstaltung soll allen Interesséierten d’Méiglechkeete vir Energie ze spueren an hirem Aarbechtsalldag ofweisen, vun technesche Moossnahme bis hin zur Verhalensännerung vun de Mataarbechter!

Deel 1: Grondlage vun der Energie
◦ Wat ass Energie a wee brauch wéivill dovunner?
◦ Ëffentlech Verwaltungen an Energiespueren?
◦ Energieverbrauch, Kostenkennwerter, Energiemonitoring
Deel 2: Technesch Moossnahmen
◦ Stroum: Beliichtung, elektresch Geräter, Lüftungs- a Klimaanlagen
◦ Wäermt: Heiztechnik
Deel 3: “Mënschlech” Moossnahmen
◦ Der Faktor Mënsch
◦ Energiespueren duerch Verhalensännerung
◦ “Dru bleiwen” – Energiespueren däerf keng Dagesméck bleiwen

OPGEPASST: D’Umeldung zum Cours geet just iwwer den INAP. Ënner folgendem Link fannt Dir d’Detailer: INAP

De Cours gëtt als formation continue vum INAP unerkannt a steet alle Gemengenugestallte gratis op.