Workshop “Biergerbedeelegung”
D’Participatioun vun de Bierger bei städtebauleschen Projet’en oder politeschen Entscheedungsprozesser gëtt am Allgemengen als “Biergerbedeelegung” bezeechent. Esou Bedeelegungsprozesser vun der Bevëlkerung ginn ëmmer méi wichteg, fir dauerhaft a nohalteg Entscheedungen treffen ze kennen. Duerch dat geziilt Abanne vun de Läit iwwer de gesetzleche Minimum eraus erreescht een eng Stärkung vun der Identifikatioun mam an dem Verantwortungsbewosstsein fir den ëffentleche Raum. Dëst brengt och eng erhéichte Bereetschaft matt sech, sech fir seng Stadt oder seng Gemeng ze engagéieren a schaaft e bessert Versteesdemech tëscht der Verwaltung an de Bierger.
Wann die ënnerschiddlech Bedeelegungsméiglechkeeten un de kommunalen Aufgabe kloër opgewise ginn an op d’Kompetenze vun de betraffene Läit zeréckgegraff gëtt, da kennen d’Planungsprozesser optiméiert, d’Efficacitéit vun den agesaate Mëttel erhéicht an di offiziell Prozedure verkierzt a vill méi transparent a nohalteg gestalt ginn.
Mee wéieng Standard’e gëlle bei Planungs- a Bedeelegungsprozesser? Wéi kann den Informatiounsfloss an den Zougang vun de Bierger zu Bedeelegungsprozesser verbessert ginn? A wéi erreescht een, dass méi Läit sech och un esou Prozesser bedeelegen?
PROGRAMM VUM DAG
*Moies*
◦ 09h00 – 09h30: Aféierung
◦ 09h30 – 10h30: Forme vun der Biergerbedeelegung an ënnerschiddleche Beräicher anhand vu konkrete Beispiller
◦ 10h30 – 10h45: Kaffispaus
◦ 10h45 – 11h15: Biergerbedeelegung an der Stad Lëtzebuerg
◦ 11h15 – 11h45: Biergerbedeelegung an der Stad Diddeleng
◦ 11h45 – 12h15: Diskussioun an Opstelle vun den Aarbechtsgruppen
◦ 12h15 – 13h30: Mëttespaus
*Mëttes*
◦ 13h30 – 15h30: Workshops matt Gruppenarbeiten
◦ 15h30 – 16h00: Evaluéierung an oppen Diskussioun
◦ 16h00: Schluss
De Workshop gëtt vun der EBL organiséiert a vum Institut National d‘Adminstration Publique (INAP) unerkannt !! De Resume vun desem Seminar fannt hei ennendrënner: